LU . . EN . . FR . . DE

De Summer selwer ass scho mega, awer nach vill méi flott wann Dir e klengen Challenge dobäi maacht. Entdeckt Lëtzebuerg wärend dësem Summer. Genéisst d'Ambiance an d'Gaaschtfrëndlechkeet, an entdeckt eppes Neies um Wee mam LetzBingo — e lëschtegt Summerspill dat Deel vun der "Lëtzebuerg, dat ass Vakanz" Kampagne ass.



Esou geet d'Spill

1

Lued Iech Är LetzBingo Kaart erof.
Dréckt se aus 📄 oder luet se op Ären digitalen Apparat📱💻.

2

Gitt eraus a genéisst d'Summerzäit zu Lëtzebuerg! ☀️🇱🇺

3

Markéiert ✅ déi Saachen déi Dir tëscht dem 20. Mee an dem 15. September 📆 gemaach hutt. Kee Stress, Dir musst se net all maachen. 🤙

4

Deelt Fotoen 📷 a Videoen 🎥 vun Ären Erliefnisser a Bingoen op de soziale Reseauen mat #letzbingo. Gitt Är Location un an taggt @Visitluxembourg

5

Mat e bësse Gléck sidd Dir de Gewënner 🎉 vun engem vun eise Spezialpräisser déi mir um Enn vum Summer auslousen ënnert all deenen déi matgemaach hunn a fläisseg mat #letzbingo gepost hunn.

.
.
PHOTO: © LFT ANDRE SCHÖSSER




Zäit fir Bingo!

Ofhängeg vum Apparat deen Dir benotzt, dréckt eemol fest, oder dréckt 2x, oder klickt op d' riets Maustast fir d'LetzBingo-Kaart hei ënnen op Äre Smartphone oder Computer erofzelueden.
Oder lued Iech de PDF 📄 hei erof.

Dir kënnt et op Lëtzebuergesch 🇱🇺, en français 🇫🇷, in English 🇬🇧, und auf Deutsch 🇩🇪 spillen.
Keng Angscht, all Versiounen hunn déiselwecht Erausfuerderungen 😉.




Regelen

Et gi keng.
Et ass LetzBingo — maach et an Dir sidd e Gewënner!

Wat gewannt Dir?
Online Social Media Street Credit, natierlech.
A mat e bësse Gléck sidd Dir de Gewënner 🎉 vun engem vun eise Spezialpräisser déi mir um Enn vum Summer auslousen ënnert all deenen déi matgemaach hunn a fläisseg mat #letzbingo gepost hunn.

Wéi wësse mer wann Dir fuddelt?
Mir wëssen et net. Mir vertrauen Iech. Wat Spaass mécht bei LetzBingo ass matzemaachen an ze spillen.

Et ass kloer dass d'LetzBingo Participanten d'Ëmwelt respektéieren an sech un déi aktuell Covid-19 Reegelen haalen.

Bleift gesond a passt op Iech op — a genéisst de bescht méigleche Summer!

.
.
PHOTO: © LFT THOMAS JUTZLER





#letzbingo

Deelt Fotoen a Videoen
vun Ären Erliefnisser a Bingoen
op de soziale Reseauen mat #letzbingo







Dir kritt net genuch!

Oh wow, Dir hutt schonn all d'Saachen op Ärer LëtzBingo Kaart gemaach? Tip top, et ginn nach vill méi Saachen zu Lëtzebuerg ze maachen!

.
Informéiert Iech iwwer "100 Things To Do In Luxembourg" — online oder als 164 Säiten Täscheguide:

.
Oder kuckt Iech "Luci" a seng inspiréierend Reesgeschichten un — online oder an Ärem gratis Luci-Magazin doheem:

.
D'LuxembourgCard gëtt Iech gratis Entrée a méi wéi 90 Muséeën an touristesch Attraktiounen landeswäit:

.
.
PHOTO: © LFT THOMAS JUTZLER




Kontakt

LetzBingo ass Deel vun "Lëtzebuerg, dat ass Vakanz" 2021 — e Projet vum Wirtschaftsministère, Generaldirektioun fir Tourismus, an Zesummenaarbecht mat Luxembourg for Tourism.

Followed eis op den soziale Reseauen fir Informatiounen an Inspiratiounen:

Oder schreift eis wann Dir Froen hutt:


.

LDAV
MECO
VL

© 2021 Ministry of the Economy, General Directorate for Tourism. All rights reserved.
Disclaimer
.
Creative Direction & Production by ampersand.studio